> Reglement (Däitsch Versioun)
> Reglement (Franséisch Versioun)
> Umeldung
Den 22. September 2012 um 7h fällt den Startschoss zum eischten Ultratrail vun 108km an 4600 Héichtemeteren (D+ 2300 m, D- 2300m) hei zu Lëtzebuerg statt.
D course féiert duerch den ganzen Mëllerdall an passéiert d Routen 1-3 vum Mëllerdall-Trail:
> Kaart
Den Départ an d'Arrivée sin bei der Jugendherberg zu Iechternach. Do hutt dir och d Méiglechkeet gënschteg ze iwwernuechten an moies ären Kaffi ze drénken (19,5€ p.P.). Vestiairen an Duschen befannen sech och do op der Plaatz.
!!
Et handelt sech em eng Selbstversorgungs-course !! Am ganzen gin et während der Course nemmen 5 Ravi'en wou dir mam Minimum versuergt gitt.Also paakt genug an ären Rucksaak an!
D Inscriptiounen sin vum 15. Januar 2012 bis 31. August 2012 inkl. fräi geschalt. Maximal kënnen awer nëemmen 200 Leefer(innen) deelhuelen. D Frais d'inscription belaafen sech op 60€ pro Leefer/Leeferin. Reicht wann d suen iwwerwisen sin, ass är Startplaatz gesechert.
> Umeldung
> Interview
Mir fréen eis op Iech!
Ärt Team vun ultratrail.lu
mail: ultratrail@ultratrail.lu
|